Dësen Tubak ass nom US-Bundesstaat Virginia benannt, wou e fir d'éischt ugebaut gouf. Wéint senger orange-gieler Faarf, déi en duerch d'Dréchnen a waarmer Loft kritt, gëtt en och "hellen Tubak" genannt. Subtropesch Regioune mat wéineg Reen, wéi den US-Bundesstaat Georgia, Simbabwe oder de Süde vu Brasilien, bidden optimal Konditioune fir dës Tubakszort.
Duerch d'Behandlung mat waarmer Loft gëtt den Tubak dréchen an ass gutt ze verschaffen. Duerch d'Dréchne reduzéiert sech och de Risiko vu Schimmelbefall an déi chemesch Prozesser, déi di sensoresch Qualitéit verbesseren, gi stimuléiert. Virginia-Tubak huet 1% bis 3,5% Nikotin an en natierlechen Zockergehalt vu 5 bis 25%.
Virginia-Tubak huet en natierlechen an aromatesche Goût.
An de Virginiamëschungen ass just nëmme Virginia-Tubak, deen an der waarmer Loft gedréchent gouf. Et gi keng Geschmacksverstäerker oder Aromae bäigemëscht. Dësen Tubak ass virun allem a Kanada a Groussbritannien beléift. An den "American blends" ass och Virginia-Tubak, awer vill manner, heiansdo nëmmen 30%.
Ech hunn eng Fro