D'Gesellschaftskapital war deemools am Besëtz vun de Familljememberen, déi domat all Intressi dorun haten, zum Wuel vun hirem gemeinsame Betrib zesummenzehalen an de Gewënn erëm an de Betrib ze investéieren an esou ze expandéieren. 1935 goufen déi al Anlagen duerch méi moderner ersat. De Produktiounsprozess gouf ëmmer weider mechaniséiert, vun enger renger "Manufaktur" konnt keng Rieds méi sinn.

1964 gouf eng zweet Fabrick zu Ettelbréck ageweit. D'Produktioun war ufanks fir den Export bestëmmt, an dat virun allem an d'Beneluxlänner, Frankräich an Italien.

 

De Sëtz vun der Mammegesellschaft ass an der Stad. Vun deene sechs Produktiounsstanduerter vu Landewyck sinn der zwee zu Lëtzebuerg an allkéiers een an Däitschland, Holland, der Belsch an an Ungarn. Zesumme stellen si zur Zäit - all d'Marken zesummen - ronn 8 Milliarden Zigaretten, 6 Milliarden Hülsen a méi wéi 10.000 Tonnen RYO-Tubak pro Joer hier. Dës Produktioun gëtt an iwwer 40 Länner exportéiert. An de Grupp schafft kontinuéierlech drun, nach weider Mäert fir sech ze erschléissen.

 

Ech hunn eng Fro

Eng Geschicht als Familljebetrib vun 1847 bis elo - dat ass och fir déi traditiounsräich Tubaksbranche eng ongewéinlech laang Zäit. Mir hunn eis all déi Jore weiderentwéckelt, hunn nei Produkter entwéckelt, nei Marke kreéiert, nei Produktiounsstanduerter ageweit, an dat mat enger Passioun fir eist Handwierk, déi ni nogelooss huet. Zäit also fir e klenge Réckbléck.

Et war eemol ...

1821
Gebuert vum Grënner

1847
Éischt Geschäft vum Familljebetrib

1859
Éischt Dampmaschinn vun der lëtz. Tubaksindustrie

1881
Opschwong ënnert dem Joseph Heintz

1887
D' Maschinnen iwwerhuelen

1892
De Joseph Heintz gëtt Direkter

1894
Nofro klëmmt national an international

1897
Nei Fabrick zu Hollerech

1905
Éischt hallefautomatesch Zigarettemaschinn

1911
Grënnung vun enger Kapitalgesellschaft

1912
De Victor Heintz iwwerhëlt Landewyck

1920
Grënnung vun der Wirtschaftsunioun

1925
Grënnung vun enger Succursale zu Tréier

1931
Den Aloyse Meyer iwwerhëlt

1934
Koener a Meyer un der Spëtzt

1937
Neit Fabricksgebai zu Hollerech

1939
Fixmer gëtt iwwerholl

1942
Landewyck an der Nazizäit

1944
Nei Mark Maryland

1946
Landewyck um hollännesche Maart

1950
Nei Mark Lexington

1951
Succursale an der Belsch

1952
Robert Meyer eleng un der Spëtzt

1957
110. Gebuertsdag

1961
Kent eruewert de Maart

1963
Vermaartung vu Kent

1967
D'Filterzigarette eruewert de Maart

1968
D'Tubaksproduktioun gëtt verluecht

1969
Ducal kënnt op de Maart

1970
Lorillard mat Rekordzuelen

1971
Lounproduktiounskontrakt mat hollänneschem Grupp

1972
Erweiderung vun der Zon „Däitsch Grenz“

1974
Erfolleg vu Kent an Europa

1977
Fixmer zu Stroossen

1978
Hierstellung vu "Crush Proof"-Packungen

1980
Spëtzeprodukt Ducal

1981
Verpackungsmaschinn "made by Landewyck"

1982
Zigaretteproduktioun zu Hollerech

1985
Fusioun Fixmer-CdT

1987
Export a China

1989
Nei Installatiounen

1992
Produktioun vun 5,3 Milliarden Zigaretten

1993
Majoritéit u Róna

1994
Positiv Bilanz

1995
Róna zukunftsorientéiert

1996
Tréier gëtt eegesstänneg GmbH

1998
Nei Mark ELIXYR

2001
Landewyck iwwerhëlt Biggelaar Tabak

2003
Landewyck Group S.à.r.l.

2007
Fusioun TORREKENS TOBACCO BELGIUM

2009
Grënnung vu Landewyck Frankräich

2012
Grënnung vu Landewyck Spuenien

2013
165. Jubiläum

2014
Haut

1821 - Gebuert vum Grënner

De Jean-Pierre Heintz koum den 29. Dezember 1821 zu Lëtzebuerg op d'Welt. Dat glécklecht Evenement gouf allerdéngs net am "Luxemburger Wochenblatt" ernimmt, deemools dat eenzegt Informatiounsblat fir déi circa 10.000 Awunner vun der Stad Lëtzebuerg. D'Eltere konnten och net wëssen, datt hire Bouf eng Kéier un engem Kapitel vun der Lëtzebuerger Wirtschaft géif matschreiwen. 168 Joer no der Grënnung vun der éischter Manufaktur gëtt nach ëmmer un der Geschicht vun dësem Familljebetrib weidergeschriwwen; mat därselwechter Astellung an Initiativ wéi schonn déi Generatioune virdrun. Ënnert de biergerleche Famillen, déi dës fréi Jore vun der Lëtzebuerger Wirtschaft matbestëmmt hunn, ass dësen Erfolleg éischter d'Ausnam.

Gebuert vum Grënner

1847 - Éischt Geschäft vum Familljebetrib

Wéi de Jean-Pierre Heintz mat 25 Joer, am Juli 1847, op Nr. 9 an der Neipuertsgaass déi éischt Tubaksmanufaktur mat Buttek opmécht, huet hien domat de Grondsteen vun dëser Erfollegsgeschicht geluecht. Ufank 1847 hat hien déi nonzéngjäreg Joséphine van Landewyck bestuet. Well hollänneschen Tubak eng gutt Renommée huet, schreift de Jean-Pierre Heintz nieft sengem Numm och dee vu senger Fra op d'Firmeschëld.

Éischt Geschäft vum Familljebetrib

1859 - Éischt Dampmaschinn vun der lëtz. Tubaksindustrie

Dem Jean-Pierre Heintz seng Firma leeft gutt. Hie keeft nieft engem Gebai an der Groussgaass och e groussen Terrain um haidege Lampertsbierg. Ausserdeem lount den Heintz Gebaier bannent dem Fort Berlaimont, um haidege Boulevard Royal, wou en 1870 déi éischt Dampmaschinn (2 PS!) vun der Lëtzebuerger Tubaksindustrie installéiert.

1881 - Opschwong ënnert dem Joseph Heintz

Dem Jean-Pierre Heintz säi Jong Joseph Heintz, deen 1848 op d'Welt koum, ass scho mat 22 Joer um Betrib bedeelegt. Hien iwwerhëlt dem Papp seng Tubaksfabrick an der Biedergaass, déi ënner senger Leedung en immensen Opschwong erlieft. De Betrib etabléiert sech geschwënn un der Spëtzt vun den deemools ronn zwanzeg Tubaksmanufakturen zu Lëtzebuerg. D'Produktioun vun Zigaren a Päifentubak gëtt ausgebaut.


De Joseph Heintz huet zu deem Zäitpunkt dräi Tubaksfabricken zu Lëtzebuerg: an der Biedergaass, um Boulevard Royal an an der Rue Beck. Ma d'Ëmwelt gëtt zum Problem fir den Tubaksproduzent. Fir d'Noperschaft sinn den onheemleche Kaméidi vun de Maschinnen, den ongesonde Geroch an de schiedlechen Damp net méi ze erdroen. E Problem, deen haut net manner aktuell ass!

Opschwong ënnert dem Joseph Heintz

1887 - D' Maschinnen iwwerhuelen

D'Produktioun gëtt ëmmer méi vu Maschinnen iwwerholl, déi d'Handaarbecht ersetzen. 1887 keeft de Joseph Heintz e Fabricksgebai zu Hollerech, fir do eng modern Produktiounsanlag opzeriichten.

D' Maschinnen iwwerhuelen

1892 - De Joseph Heintz gëtt Direkter

De Jean-Pierre Heintz stierft den 30. Oktober 1892 a vermécht sengem Jong de Betrib, dee vun elo un "Joseph Heintz van Landewyck" heescht. De Joseph Heintz wëll déi ganz Produktioun op engem Site zesummefaassen a verkeeft de Site um Lampertsbierg. Seng ronn 250 Mataarbechter produzéieren hei pro Woch 90.000 bis 100.000 Zigaren, 2.000 kg Tubak fir ze fëmmen an eng kleng Quantitéit Zigaretten.

1894 - Nofro klëmmt national an international

National an international klëmmt d'Nofro no Tubaksprodukter. 1894 mécht de Joseph Heintz eng nei Fabrick fir d'Hierstellung vun Zigaren an der Fiels op. D'Industrialiséierung ass net méi opzehalen.

1897 - Nei Fabrick zu Hollerech

50 Joer no der Firmegrënnung geet zu Hollerech déi nei Tubaksfabrick op. 250 Mataarbechter produzéieren all Woch 100.000 - 300.000 Zigaren.

Nei Fabrick zu Hollerech

1905 - Éischt hallefautomatesch Zigarettemaschinn

De Victor Heintz installéiert déi éischt hallefautomatesch Zigarettemaschinn zu Hollerech, wat hien aller Wahrscheinlechkeet no net eleng decidéiert huet. Déi kollegial Zesummenaarbecht bannent der Famill ass zum "Stil" vum Haus ginn. Eng Aarbechtsweis, déi sech an der Zukunft sollt bewären.

Éischt hallefautomatesch Zigarettemaschinn

1911 - Grënnung vun enger Kapitalgesellschaft

De Joseph Heintz wandelt seng Entreprise an eng Kapitalgesellschaft ëm. Doduerch réckelt d'Famill nach méi no beieneen, well d'Aktien all am Besëtz vu Familljemembere sinn.

1912 - De Victor Heintz iwwerhëlt Landewyck

Nom Doud vum Joseph Heintz den 2. Oktober 1912 iwwerhëlt säi Jong Victor de Betrib, a féiert e mat Sënn fir Traditioun a Moderniséierung weider.

Ma den Industriellen a Visionär Joseph Heintz, de "pater familias", de sozial engagéierte Mënsch, hannerléisst e grousst Lach. Mat senger "Aarmekichen" an der Biedergaass huet en sech fir déi engagéiert, déi Nout gelidden hunn.

De Victor Heintz iwwerhëlt Landewyck

1920 - Grënnung vun der Wirtschaftsunioun

Nom 1. Weltkrich geet et der Firma wirtschaftlech net gutt. Den "Zollverein", duerch deen d'Lëtzebuerger Wirtschaft begënschtegt gouf, war 1919 opgeléist ginn. Nodeems eng Wirtschaftsunioun mat Frankräich vun de lothréngesche Schmelzhäre verhënnert gouf, kënnt et 1921 zur Wirtschaftsunioun mat der Belsch.

Grënnung vun der Wirtschaftsunioun

1925 - Grënnung vun enger Succursale zu Tréier

Fir seng traditionell Mäert ze retten, léisst sech Landewyck och zu Tréier nidder. D'Präsenz vun de villen Zaldote soll duerfir den Ausschlag ginn hunn: Zaldote ware gutt Clienten.
Ënnert der Leedung vum Gilles Schaack gëtt den Tréirer Betrib zum zweetgréissten Tubaksproduzent an Däitschland. 1920 hält Landewyck mat der Zigareproduktioun an der Fiels op, de Schwéierpunkt läit elo op der Zigarett.

Grënnung vun enger Succursale zu Tréier

1931 - Den Aloyse Meyer iwwerhëlt

Den 9. Dezember 1931 stierft de Victor Heintz no engem beweegte Liewen. Seng Successioun hat hien allerdéngs scho fréi gereegelt. An der Persoun vum Aloyse Meyer, deen zu deem Zäitpunkt schonn eng Galiounsfigur vun der Stolindustrie ass, huet en en Associé fonnt, deen der Saach gewuess ass. Ausserdeem ass den Aloyse Meyer mam Eugénie Heintz bestuet. Hie gëtt zum President vum Verwaltungsrot vu Landewyck ernannt. D'Leedung vun der Fabrick iwwerhëlt de Gustave Koener, dee säi Kënne scho mam Aloyse Meyer bei der ARBED ënner Beweis gestallt hat.

Den Aloyse Meyer iwwerhëlt

1934 - Koener a Meyer un der Spëtzt

De Robert Meyer, Jong vum Aloyse Meyer an Enkel vum Victor Heintz, fänkt als jonken Ingenieur am Familljebetrib un. Vun 1939 un iwwerhëlt hien d'Leedung vum Betrib un der Säit vum Gustave Koener.

Koener a Meyer un der Spëtzt

1937 - Neit Fabricksgebai zu Hollerech

En neit Fabricksgebai gëtt zu Hollerech ageweit.

Neit Fabricksgebai zu Hollerech

1939 - Fixmer gëtt iwwerholl

Nom Doud vu sengem laangjärege Frënd Charles Fixmer iwwerhëlt de Gustave Koener deem seng Ettelbrécker Firma "Fixmer", déi Tubak fir ze fëmmen an ze schnauwen hierstellt. Domat entsteet déi éischt Heintz-van-Landewyck–Duechterfirma.
Déi ganz Tubaksproduktioun vu Landewyck a Fixmer ass elo zu Ettelbréck; d'Zigaretteproduktioun gëtt op Hollerech verluecht.
Am selwechte Joer gëtt Landewyck an eng S. à r. l. mat engem Kapital vun 9 Millioune Lëtzebuerger Frang ëmgewandelt.

Fixmer gëtt iwwerholl

1942 - Landewyck an der Nazizäit

Lëtzebuerg leit ënner dem Naziterror an de Robert Meyer, deen "net déi néideg Garantië bitt", muss säi Posten un der Spëtzt vun der Firma opginn. Eréischt no der Befreiung 1944 kann e seng Plaz a sengem Betrib erëm anhuelen.

1944 - Nei Mark Maryland

Nom Krich huet den Export missen ugekierpt ginn. Ma d'Tubaksblieder fir déi fest Gréissten am Verkaf, wéi d'Zigarett "Africaine", si knapp, an duerfir setzt Landewyck op eng nei Mark: "Maryland". D'Zigarett gëtt e groussen Erfolleg an huet geschwënn zu Lëtzebuerg den Image vun "onser Zigarett".

Nei Mark Maryland

1946 - Landewyck um hollännesche Maart

D'Belsch mécht seng Grenzen op an importéiert 1946 schonn 311 Millioune Landewyck-Zigaretten. Dernieft geléngt et Landewyck, och e gudden Deel vum hollännesche Maart fir sech ze erueweren.

1950 - Nei Mark Lexington

Opgrond vum Erfolleg an Holland gëtt déi nei Mark "Lexington" agefouert. Fënnef Joer méi spéit ginn eng Milliard vun dësen Zigaretten am Joer verkaaft. Aus der Ära "Africaine" gouf d'Ära "Maryland", elo gëtt d'Ära "Lexington" agelaut.

Nei Mark Lexington

1951 - Succursale an der Belsch

Grënnung vun enger Succursale an der Belsch

1952 - Robert Meyer eleng un der Spëtzt

Nom Doud vum Aloyse Meyer, enger international unerkannter Gréisst an der Wirtschaft, iwwerhëlt seng Fra, déi eelsten Duechter vum Joseph Heintz, d'Presidence am Verwaltungsrot. Am selwechte Joer geet de Gustave Koener a Pensioun an domat bleift de Robert Meyer eleng un der Spëtzt vum Betrib. Hie gëtt awer an der Produktioun vum Theo Jung, engem laangjärege Mataarbechter vu Landewyck, ënnerstëtzt.

1957 - 110. Gebuertsdag

Jubiläum bei Landewyck: den 110. Joresdag! Zéng Joer éischter, 1947, gouf et kee Grond, fir ze feieren, sou datt een op d'Fest zum 100. Joresdag verzicht hat. De Paul Weber, Direkter vun der Handelskammer zu Lëtzebuerg, schreift dozou:

... "D'Tubaksindustrie ass eng vun de rare Lëtzebuerger Industrien, déi sech méi wéi honnert Joer konnt behaapten an de gudden Numm vu Lëtzebuerg an d'Welt erausgedroen huet.".

110. Gebuertsdag

1961 - Kent eruewert de Maart

D'Produktioun vun der "Lexington" erreecht de Rekordniveau vun 2,7 Milliarden Unitéiten, bei engem Volume vun 3,3 Milliarde Landewyck-Zigaretten.    
Dat Joer drop falen d'Verkafszuele vun der Lexington-Zigarett op 1,7 Milliarden. Duerfir fänkt elo d'Ära "Lorillard" u mat der Zigarettemark "Kent", déi zënter 1958 ënner Lizenz produzéiert gëtt.

Kent eruewert de Maart

1963 - Vermaartung vu Kent

D'S.à r.l. P. Lorillard gëtt als "Joint Venture" zu Ettelbréck gegrënnt a këmmert sech ëm d'Vermaartung an d'Produktioun vun der Mark "Kent" a spéider och vun der Mark "Newport". De J.-P. Thill gëtt Direkter. Ënner him gëtt och eng nei Fabrick zu Ettelbréck gebaut. 95% vun der Produktioun si fir den Export, virun allem an Holland, d'Belsch, Frankräich an Italien, bestëmmt.

Vermaartung vu Kent

1967 - D'Filterzigarette eruewert de Maart

Nodeems d'Filterzigarett weltwäit ëmmer méi e grousse Succès kennt, féiert Landewyck zu Lëtzebuerg d'"Maryland Filter" an. Schonn 1970 iwwerhëlt si d'"Maryland" ouni Filter, déi bis dato meeschtverkaafte Landewyck-Zigarett zu Lëtzebuerg.

D'Filterzigarette eruewert de Maart

1968 - D'Tubaksproduktioun gëtt verluecht

Fixmer zu Ettelbréck hält mat der Produktioun vun Tubak op, déi op Hollerech, spéider op Tréier, verlagert gëtt.

D'Tubaksproduktioun gëtt verluecht

1969 - Ducal kënnt op de Maart

De Präiskrich verschäerft sech an de Maart schwenkt op d'25er-Zigarettepäck am King-Size-Format ëm. Landewyck schléisst sech dem Trend mat der Mark "Ducal" un, déi sech schonn 1969 gutt verkeeft an ëmmer méi zu engem richtege Renner gëtt.

Ducal kënnt op de Maart

1970 - Lorillard mat Rekordzuelen

Vun 1962 un ass de Verkaf vun der Lexington-Zigarett staark réckleefeg. D'Produktiounszuele vu Landewyck Lëtzebuerg sinn op engem Déifstand. Ma d'Lorillard-Zigarett ass weider am Opschwong. 1971 ginn 1,1 Milliarden Zigarette produzéiert. De Verkaf vun der Lexington fält allerdéngs op 300 Milliounen. Landewyck reagéiert a konzentréiert sech elo méi op den däitsche Maart. Brinkmann investéiert an de Familljebetrib an hält 25,01% vum Gesellschaftskapital.

Lorillard mat Rekordzuelen

1971 - Lounproduktiounskontrakt mat hollänneschem Grupp

Landewyck ënnerschreift e laangfristege Lounproduktiounskontrakt mat engem hollänneschen Zigarettegrupp vun internationaler Bedeitung. Doduerch klammen d'Produktiounszuelen ëm 30%.

1972 - Erweiderung vun der Zon „Däitsch Grenz“

Landewyck feiert säin 125. Jubiläum. 300 Mataarbechter si bei der Firma beschäftegt; 2,5 Milliarden Zigarette gi produzéiert.
1972 notzt Landewyck eng Nisch, déi ënnert dem Numm "däitsch Grenz" an d'Geschicht vum Betrib ageet. D'"Grenzzon", wou d'Produkter vu Landewyck a vun aneren Zigarettenhiersteller kloer Virdeeler hunn op Grond vun de vill méi héijen Akzisen an der Bundesrepublik, gëtt "erweidert".

1974 - Erfolleg vu Kent an Europa

Nom Erfolleg vun der Mark "Kent" an den USA verkeeft sech dës Mark elo och gutt an Europa, virun allem an de Benelux-Länner. Well d'Nofro klëmmt, muss d'Wierk zu Ettelbréck ausgebaut ginn. Zéng Joer no hirer Grënnung beschäftegt d'Fabrick iwwer honnert Mataarbechter. D'Joresproduktioun erreecht 1,5 Milliarden Zigaretten.

Erfolleg vu Kent an Europa

1977 - Fixmer zu Stroossen

Fixmer plënnert an e grousst Lager op Stroossen. Et ass den Ufank vun enger dynamescher Entwécklung am Grousshandel mat Tubak an anere Produkter.

1978 - Hierstellung vu "Crush Proof"-Packungen

De Boom vun der "Kent"-Zigarett ass eriwwer. Den US-Partner verkeeft d'Mark un de britesche Konzern BAT (British American Tobacco). D'S.à r.l. P. Lorillard mécht hir Dieren den 30. Juni 1978 zou. Op Grond vun engem Lizenzkontrakt ka Landewyck weiderhin "Kent"-Zigarette produzéieren a vermaarten. Landewyck konzentréiert sech op d'Hierstellung vun haarden, "crush proof"-Verpackungen, déi di mëll Verpackunge sollen ersetzen.

1980 - Spëtzeprodukt Ducal

D'Mark "Ducal" gëtt zum Standbeen vun der Landewyck-Produktioun. Mat 500 Mataarbechter stellt Landewyck pro Joer 3,5 Milliarden Zigaretten hier, déi an der Haaptsaach an de Benelux–Länner verkaaft ginn.

1981 - Verpackungsmaschinn "made by Landewyck"

Landewyck baut seng éischt eege Verpackungsmaschinn, woufir e firmeninternen technesche Support opgebaut gëtt. Dëst féiert 1996 zur Grënnung vun der Firma IMATEC zu Ettelbréck, spezialiséiert an der Maintenance vu Maschinnen an der Hierstellung vu Maschinnendeeler.

1982 - Zigaretteproduktioun zu Hollerech

D'Wierk zu Tréier hält mat senger Zigaretteproduktioun op, si gëtt vum Standuert Hollerech iwwerholl. Tubak a Feinschnëtt ginn ëmmer nach ausschliisslech zu Tréier hiergestallt. Well d'Präisser fir Zigaretten an Däitschland duerch d'Erhéijung vun der Tubakssteier immens geklomme sinn, féieren déi grouss däitsch Handelsfirme eegen Handelsmarken an, déi si méi bëlleg verkafen. Landewyck séchert sech e beachtlechen Deel vun dëser Produktioun. 1983 ginn am Ganzen 4,6 Milliarden Zigarette produzéiert.
"Ducal" gëtt elo och a Frankräich verkaaft. Landewyck geléngt mat dëser Mark awer virun allem en nohaltegen Duerchbroch an Däitschland, och wéint den Automatepäckelcher mat 24 Zigaretten (an de Päckelcher vun der Konkurrenz si meeschtens just 22 Zigaretten).

Zigaretteproduktioun zu Hollerech

1985 - Fusioun Fixmer-CdT

Fixmer vun Ettelbréck, zënter 1977 Grossist, fusiounéiert mam "Comptoir des Tabacs" zu Stroossen. Deen neie Betrib nennt sech "Fixmer-CdT".

1987 - Export a China

Landewyck huet an der Tëschenzäit d'Mark "First" opkaaft. Eng éischt Liwwerung geet 1987 an d'Volleksrepublik China, e gutt Joer fir dat internationaalt Geschäft.

Export a China

1989 - Nei Installatiounen

Déi al Maschinnen, fir den Tubak fir d'Zigaretteproduktioun virzebereeden, kommen net méi no mat der Produktioun a ginn duerch nei Installatiounen ersat.

1992 - Produktioun vun 5,3 Milliarden Zigaretten

1992 ginn 5,3 Milliarden Zigarette pro Joer bei Landewyck produzéiert. E groussen Erfolleg op de Mäert baussent Europa hunn zum Beispill "Bentley" a Südostasien an "Ducal" a Westafrika. Um däitsche Maart daucht en neit Produkt op: "Rolls" (och nach "Quickies" genannt), dat steierlech wéi Feinschnëtt behandelt gëtt. D'Aféierung vun de "Lexington-Rolls" illustréiert, wéi d'Zigarettenhiersteller probéieren, laanscht déi héich Steieren ze kommen. De jeeweilege Staat ass weiderhi géint Bëlleg-Zigaretten, well doduerch manner Steieren erakommen.

1993 - Majoritéit u Róna

Landewyck geet mam ungareschen Tubaksproduzent Róna zesummen. Den 1. Oktober 1993 iwwerhëlt Landewyck d'Majoritéit vun den Aktien. De Verkaf vun den "Ducal"-Zigarette geet zeréck, well d'Konkurrenz elo och Päckelcher mat 25 Zigaretten ubitt.

Majoritéit u Róna

1994 - Positiv Bilanz

De Begrëff "Landewyck" kritt méi schaarf Konturen als Grupp, zu där d'Mammenhaus Heintz van Landewyck zu Hollerech, Fixmer zu Stroossen, Heintz van Landewyck zu Tréier a Róna zu Debrecen gehéieren. D'Finanzresultater vun de jeeweilege Betriber verbesseren sech, wat sech och an der konsolidéierter Bilanz weist.

Positiv Bilanz

1995 - Róna zukunftsorientéiert

Róna an Ungarn implementéiert zukunftsorientéiert Verkafs- a Marketinginfrastrukturen zu Budapest.

Róna zukunftsorientéiert

1996 - Tréier gëtt eegesstänneg GmbH

D'Succursale zu Tréier gëtt eng eegestänneg GmbH. D'Tréirer Wierk ass op Tubak fir ze fëmme spezialiséiert a produzéiert am Mount ronn 100 Tonnen däers Tubak fir den däitsche Maart. De Betrib ass och ganz aktiv am Marketing vun Zigaretten, besonnesch der Mark "Ducal", vun där an Däitschland knapps eng Milliard Zigarette verkaaft ginn. Aus dem technesche Support entwéckelt sech d'Firma IMATEC – Innovative Machine Technology. D'Zigaretteproduktioun vu Landewyck erreecht 1996 e Rekordvolume vu 5,7 Milliarden Unitéiten. 13% dovu ginn op dem nationale Maart verkaaft (1986 waren et 19%), 62% op deenen anere Mäert vun der EU (1986 waren et 80%). Den Export a Länner baussent der EU klëmmt dogéint vun 12% op 25% am selwechten Zäitraum. Dës Entwécklung weist, wéi sech de Grupp bannent 20 Joer ëmmer weider internationaliséiert huet. 1996 beschäftegt Landewyck ronn 620 Mataarbechter, dovun ongeféier 430 zu Lëtzebuerg.

Tréier gëtt eegesstänneg GmbH

1998 - Nei Mark ELIXYR

1998 kënnt d'Zigarett "Elixyr" op de Maart, déi sech vu Joer zu Joer ëmmer besser verkeeft.

Nei Mark ELIXYR

2001 - Landewyck iwwerhëlt Biggelaar Tabak

Déi hollännesch Firma "Biggelaar Tabak" gëtt iwwerholl.

Landewyck iwwerhëlt Biggelaar Tabak

2003 - Landewyck Group S.à.r.l.

2003 ass d'Joer vu groussen Ëmstrukturéierungen. Un der Spëtzt vun der Organisatioun steet elo d'Landewyck Group S.à r.l. Si definéiert d'Strategie vum Grupp a koordinéiert d'Organisatioun vun neie Geschäftsméiglechkeeten.

Landewyck Group S.à.r.l.

2007 - Fusioun TORREKENS TOBACCO BELGIUM

Duerch d'Fusioun vun Heintz van Landewyck Belgium an Torrekens Tabakindustrie entsteet TORREKENS TOBACCO BELGIUM. Déi nei Firma ass um Zigaretten- an Tubaksmaart präsent, mat der ganzer Palett vun Tubaksprodukter.

Fusioun TORREKENS TOBACCO BELGIUM

2009 - Grënnung vu Landewyck Frankräich

Grënnung vu Landewyck Frankräich

2012 - Grënnung vu Landewyck Spuenien

Grënnung vu Landewyck Spuenien

2013 - 165. Jubiläum

Den 165. Jubiläum vum Grupp Landewyck - mat 6 Fabricken, 1800 Mataarbechter, 26 Marken, 37 Mäert an enger Produktioun vun 55.000.000 Unitéiten

2014 - Haut

Haut schafft Landewyck mat circa 30 Partner weltwäit. Op senger laanger Rees, vum "alen Heintz" bis haut, huet d'Famill ëmmer zesummegehalen, esou muenche Stuerm iwwerstanen an op de Reesen iwwer déi sëlleche Mierer ëmmer de Kurs gehalen an de Liichttuerm ni aus den Ae verluer.

Fotoarchiv

  • 1886

    1886

  • 1891

    1891

    Happy Joe

  • 1893

    1893

    De Little Jim presentéiert déi ganz Palett vu Landewyck-Tubaken.

  • 1893

    1893

    Uncle Tom

  • 1894

    1894

    Déi éischt Zigarett

  • 1895

    1895

    D'Optimisten. D'Liewen ass schéi fir déi véier Kollegen, well si deen exzellenten Tubak vu Landewyck kënne fëmmen.

  • 1896

    1896

    50. Gebuertsdag vu Landewyck

  • 1897

    1897

    Reklamm fir de 50. Joresdag vu Landewyck. Tubaksexperte sinn der Meenung, datt d'Qualitéit vun de Produkter exzellent ass.

  • 1898

    1898

    D'Frënn vum Landewyck-Tubak sinn net ze halen.

  • 1900

    1900

    De Frënd vun den Italiener: d'Fräiheet. Viséiert déi italienesch Immigranten.

  • 1901

    1901

    Den Dram vum Fëmmert: E Fraegesiicht - den Zigarettendamp leet sech wéi Krauselen ëm de Kapp.

  • 1901

    1901

    Eng Schatzkëscht fir déi dräi Musketiere. Nieft Bijouen a Pärele fannen si eppes anescht: déi exzellent Produkter vu Landewyck.

  • 1903

    1903

    Ballet. D'Carmen danzt zu Éiere vun de Landewyck-Produkter.

  • 1904

    1904

    Verféierung. Zeen aus dem Verdi sengem Falstaff

  • 1905

    1905

    Eng Paus fir den Zaldot

  • 1910

    1910

    Chantecler. Zeen aus dem Edmond Rostand sengem Theaterstéck

  • 1911

    1911

    Wat sech Pappe wënschen: e Jong, eng Päif a gudden Tubak.

  • 1912

    1912

  • 1913

    1913

    Nymphe fänke Päiperleken (Soft-Selling)

  • …

  • …

  • …

  • …

  • …

  • …

  • …

  • …

  • …

  • …